Nei SaisonOptakt vun der Expositioun "Konscht am Gronn"

RTL Lëtzebuerg
Den 2. August 2020 gëtt déi éischten Editioun vu "Konscht am Gronn" vun dëser Saison organiséiert.
© Konscht am Gronn

Installéiert gouf d’Expositioun an der Rue Münster am Gronn, nieft der Sortie vum Lift, deen de Gronn mat der Alstad verbënnt. Eng Abberzuel international Artiste kënnen op dës Manéier hir neiste Konschtwierker ausstellen. Ob Skulpturen, Biller, Glas-Konscht, Fotoen oder digital Konscht: Fir all Goût ass eppes dobäi.

D’Ausstellung ass a gratis a kann iwwer d’Stroosse Rue de Prague, Rue Sosthène Weis oder de Parking St. Esprit (bvd Roosevelt) erreecht ginn.

Am Kontext vun der Corona-Pandemie musse sech d’Visiteuren un d’sanitär Mesuren halen.

Back to Top
CIM LOGO