
Dat alles am Jazzberäich. Bei engem vun deene Concerten ass jo schonn e Grammy-Award erauskomm. Dëst Joer war de Myles Sanko Gaaschtsänger. Eng Stëmm wéi de Gregory Porter awer manner bekannt: E Méindeg hat de Public an der Philharmonie d’Geleeënheet, fir de Myles Sanko ze entdecken.
Soul music, it comes from the heart. Dat huet de Myles Sanko sengem Public ëmmer nees verséchert. Datt et bei him vun Häerze kënnt, dat gleeft een him, och wann hien e Showmaster ass, dee weess, wéi een de Public a seng Show mat abezitt. De Myles Sanko kéint net verdroen, dass de Public einfach géing do sëtzen a genéissen. Neen, d’Leit mussen hien op sengem Musekswee begleeden.
Dass de Soul-Museker op Lëtzebuerg koum hu mer dem Gast Waltzing ze verdanken. De Myles Sanko séngt normalerweis zesumme mat sengem Jazzorchester vun 8 Museker. Zousätzlech nach e Symphonieorchester derbäi ze hunn, dat ass ongewinnt, gëtt awer och eng nei Dimensioun.