Quo Vadis Kulturhaaptstad?Och an der Kris gëtt fläisseg un Esch 2022 geschafft

Carine Lemmer
Esch 2022 soll nohalteg ginn an en Impakt kréien iwwer 2022 eraus. Et wier eng grouss Chance fir den Tourismus an d'Mobilitéit, sou d'Responsabel.
Och an der Kris gëtt fläisseg un Esch 2022 geschafft
Esch 2022 soll nohalteg ginn an en Impakt kréien iwwer 2022 eraus. Et wier eng grouss Chance fir den Tourismus an d’Mobilitéit, sou d’Responsabel.

Esch an déi 10 aner Gemenge vum Pro-Sud plus 8 franséisch Gemenge sinn 2022 Europäesch Kulturhaaptstad.

E virtuellen Tour mam Bus iwwert de Site Belval an en anert Zäitalter ass zum Beispill geplangt, grad wéi de “Minett-Trail” vun 90 Kilometer an 11 speziell Gite fir z’iwwernuechten. Et gëtt an deem Kader mat Partner zesumme geschafft, wéi dem ORT Süden oder dem “Luxembourg for Tourism”.

© Urban Timetravel S.A.

Esch2022 hat jo personell Startschwieregkeeten, d’Equipe huet missen ausgewiesselt ginn an am Mee huet och de Christian Mosar als artisteschen Direkter d’Ekipp verlooss.

Den Defi ass sécher do, fir mat allem fäerdeg ze ginn, gëtt d’Generaldirektesch Nancy Braun zou, elo ass d’Kris nach dertëschent komm. Mä et géif een um Projet Kulturhaaptstad schaffen, deen eben am Februar 2022 lass geet, net um Kulturjoer.

Och an der Kris gëtt fläisseg un Esch 2022 geschafft

18 Leit schaffe momentan fir Esch 2022, an awer och extern 22 Leit an de verschiddene Kulturservicer vun de Gemengen, also ronn 40 Leit all Dag.

© Esch2022

PDF: Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO