
Schonn am Alter vun 12 Joer huet de Steve Reiffers mam Piano ugefaangen an huet a ville Coverbands Keyboard gespillt. Iergendwann wollt hien awer och seng eege Musek schreiwen a konnt dës Passioun mat enger selwer gegrënnter Band erfëllen. Elo awer produzéiert hie seng Sounds eleng an huet e neie Stil fir sech entdeckt. Déi éischt Single vu sengem Soloprojet nennt sech Next to you an ass an Zesummenaarbecht mat der Sängerin Audrey Callahan an der Sheena Burton, déi den Text geschriwwen huet, entstanen.
D’Kärausso vum Text ass, dass d’Liewen eng grouss Aventure ass - eng Rees an d’Onbekannt an dass et ëmmer méi schéin ass dat alles mat enger anerer Persoun ze deelen an dass een och déi manner schéi Momenter zu zwee besser de packt.
De Steve Reiffers produzéiert zwar Beats a Sounds, ma als DJ bezeechent hien sech net. D’Museksrichtung, an där hien elo schafft an och weiderhi schaffe wëll, ass ganz breet gefächert, wéi hie selwer seet. Allgemeng géif hien et awer als Pop mat Elementer aus der elektronescher Musek bezeechnen.
Mëtt Oktober soll dem Steve Reiffers seng nächst Single erauskommen. Ganz fläisseg géif schonn dru geschafft ginn. Déi géif dann awer mat enger männlecher Stëmm verschafft ginn. Selwer sange géif hien net, dofir wiere seng Sangkënscht leider net gutt genuch, esou de Kënschtler selwer.