
Wien net genuch vun der onheemlecher Miss Trunchball, (Frau Knüppelkuh) kréie kann, dierf sech freeën: d’Matilda kënnt zeréck op de groussen Ecran. The Hollywood Reporter no ass nämlech eng Adaptatioun vu Matilda the Musical geplangt, eng Virféierung op Basis vum Roald Dahl sengem Roman. 1996 gouf d’Geschicht eng éischte Kéier verfilmt.
De Film wäert als éischt a Groussbritannien diffuséiert ginn, éier e weltwäit op Netflix ka “gestreamt” ginn.
Wien d’Haaptrollen dës Kéier spille wäert, ass awer nach net gewosst.