Sou huet hien den Ernie Hammes kennegeléiert, deen an der internationaler Jazzzeen eng bekannte Gréisst ass. De Christophe huet den Ernie gefrot, ob hien e Stéck kéint komponéiere fir Jazzquintett a klasseschen Orchester. Thema war de Johann Sebastian Bach an d'Resultat war e Concert e Méindeg den Owend an der Philharmonie.
Concertino No 1 fir Trompette Piccolo, orchestre de chambre a quintette de Jazz huet den Ernie Hammes säi Wierk genannt. Natierlech sollt dann och den orchestre de chambre net ze kuerz kommen.
Och de Bach pur koum zum Zuch , an do mierkt een, dass seng Barockmusek sech zimmlech gutt eegent fir e Mariage mam Jazz.
Fir den Ernie Hammes war déi ganz Produktioun Neiland: Jazz plus Bach plus Orchester, mä de concertino konnt gefalen.