Erzielt gëtt d’Geschicht vum Alex Owens: daagsiwwer schafft si als Schweesserin, owes danzt si an engem Club. Hire groussen Dram ass et awer, eng professionell Dänzerin ze ginn. Dofir mellt si sech an enger Danzakademie un. Ob si dat da packt oder den Dram fir ëmmer eriwwer ass, gëtt een am Film gewuer oder am Musical, deen am Abrëll op Lëtzebuerg an d’Rockhal kënnt.

Schonn am Viraus ass d’Haaptactrice Maria-Danaé Bansen op Esch komm fir e Rendezvous mat der Press. Déi gebierteg Berlinerin war virdrun nach ni zu Lëtzebuerg. De Belval an de Site ronderëm d’Rockhal hätten der Schauspillerin vun Ufank gefall. Virun allem d’Héichiewe géife gutt an d’Atmosphäre vum “Flashdance"-Musical passen. Fir d’Press huet d’Maria-Danaé Bansen sech an d’Alex Owens verwandelt an net just gewisen, dass si gutt danze kann, mä huet esouguer e Schweessapparat an d’Hand geholl. Grad esou wéi d’Figur, déi si am Musical spillt.
