
Mat dësen 2 Optrëtter eleng virum Publikum schléisst de Spillmann d’Joer of. Seng Lidder, déi Geschichten vun hei an elo, an der Sprooch vun hei an elo zielen, ginn op dat Néidegst reduzéiert: eng Gittar an eng Stëmm. Dat ass d’Geleeënheet fir hien, seng Lidder op Häerz an Niren ze préiwen, a fir de Publikum, se an enger intimer an ursprénglecher Form z’erliewen.

https://www.tnl.lu/eleng-am-tnl
All Joer kuerz viru Chrëschtdag gëtt de Kasemattentheater engem Museker eng Carte Blanche. Dëst Joer ass déi fir den Jazzpianist a Komponist Michel Reis.

12 Alben huet de Michel Reis, dee laang tëscht New York a Lëtzebuerg hin an hiergependelt ass, erausbruecht zu Lëtzebuerg.
De Michel Reis, deen schonn dacks Liesungen am Kasemattentheater begleet huet, presentéiert e Concert fir déi en eng Rei Museker a Frënn invitéiert huet. Dat erlaabt dem Pianist déi ganz Bandbreet vu sengem musikaschem Können ze weisen.
https://www.kasemattentheater.lu
Mat “Das Gangrän” huet de Maxime Weber am Oktober säin éischte Roman erausbruecht. An dëser Speculative-Fiction-Geschicht geet et ëm en ongewéinlechen Naturphänomän, dee sech an der ganzer Welt ausbreet an alles ronderëm sech zerstéiert. Och Lëtzebuerg gëtt net verschount.

De Maxime Weber gehéiert zu den grousse literarischen Entdeckungen aus der leschter Zäit. Donieft ass hien och a verschiddenen musikalesche Projekten aktiv, dorënner säi Solo-Projet “Death was a mistake”. Am Mee koum den Album “There are gardens in the abyss”.
“Das Gangrän” vum Maxime Weber
De Lëtzebuerger Sculpteur Gérard Claude weist seng aktuell Wierker am Konschthaus Schëffleng.
D’Material mat deem de Kënschler schafft, ass d’Holz. Seng artistesch Recherche konzentréiert sech dorobber wéi de kreative Prozess sech kann a muss mam Material ausenanersetzen a sech adaptéieren.

D’Resultat ass eng harmonesch Symphonie an de Skulpture selwer, dat ee sech nach bis den 8. Januar kann ukucke goen. Le résultat est comme une symphonie harmonieuse entre des parties
