Journée de la musiqueMusek am Mëttelpunkt trotz Corona

RTL Lëtzebuerg
Et sinn Zäiten, an deene jidderee sech muss upassen, och "d'Fête de la Musique", soss en Highlight ass duerch de Virus dëst Joer bal ofgesot ginn.
Musek am Mëttelpunkt trotz Corona
Et sinn Zäiten, an deene jidderee sech muss upassen, och “d’Fête de la Musique”, soss en Highlight ass duerch de Virus dëst Joer bal ofgesot ginn.

Awer nëmme bal, well et gouf sech munches afale gelooss an et ass elo eng “Journée de la Musique” ginn, ugepasst un déi aktuell Situatioun.

Och hei bei eis do steet eis Kultursendung NO ART ON AIR de Sonndeg ganz am Zeeche vun der “Fête de la Musique”. Fir d’éischte Kéier geet et dann erëm zréck an de Café “Gudde Wëllen”, do sinn dann 2 ganz bekannte Gesiichter vun deem Fest, invitéiert den John Resch an de Marc Scheer, donieft ginn et kleng Concerten.

Mat dobäi eng ganz Partie Nowuesstalenter. Dat mat Nicool oder nach Francis of Delirium an och de Geoges Goerens alias Bartleby Delicate. A mat him hu mir am Virfeld iwwer dës Initiativ an iwwer nei Weeër vu Concerte geschwat.

Back to Top
CIM LOGO