An dësen Zäite vun Isolatioun wëll een de Bewunner e Liichtbléck bidden, dat a Form vu Musek, an hinnen esou och weisen, datt u si geduecht gëtt. Esou erklären d'Enseignanten aus dem Stater Conservatoire hiren Optrëtt.
Dës Concerte fannen dobausse statt, virun de Gebaier, soudass garantéiert gëtt, dass d’Consignen all agehale ginn, an och d’Museker hale sech un e groussen Ofstand a minimale Kontakt.
