Live aus der Stuff - ReplayMichel Reis

RTL Lëtzebuerg
De Pianist huet den Dënschdeg den Owend live aus senger Stuff gespillt.
© Eric Engel

Zënter sengem 8 Liewensjoer spillt den Jazzmuseker Michel Reis Piano. Als Teenager huet hien dann ugefaangen ze komponéieren an ze improviséieren. Haut ass hien international ënnerwee a spillt niewent senge Soloprojeten och am Trio Reis Demuth Wiltgen.
En Dënschdeg den Owend um 20 Auer huet de Michel Reis Lidder vu sengem leschten Album “Short Stories” presentéiert. Doniewent huet hien awer och Musek vu Komponisten, déi hien am meeschten influenzéiert hunn, gespillt.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.

Back to Top
CIM LOGO