
Elo musse weider geplangten Optrëtter ofgesot ginn. “Meng Gesondheet geet vir”, seet de 56 Joer ale Museker. 2 Concerte géinge sech mat den Therapie-Zäiten iwwerschneiden. Dowéinst fënnt de “Sonic Temple” an de “Louder Than Life Festival” ouni Metallica als Headliner statt.
Seng Therapie géing him awer hëllefen, betount den Hetfield. Et wier noutwenneg gewiescht, op seng mental, physesch a spirituell Gesondheet opzepassen, erkläert hien. “Ech wëll betounen, dass d’Band all aner geplangte Showen 2020 spille wäert”, weist sech de Sänger optimistesch. Der “WorldWired Tour”, déi Mëtt Abrëll a Chile starte soll, stéing also Näischt am Wee.