
Mat nëmmen 20 Joer huet de Rapper Maz schonn op ville grousse Bünen a Festivallen an Europa performed. Fir d´läscht war hien de Support Act vum Nicki Minaj an der Rockhal. De Maz huet e grousst Talent mat de Wierder ze jongléieren an awer och déifgrënneg Texter ze schreiwen. An nëmmen 3 Joer huet hien et fäerdeg bruecht sech ze professionaliséieren an sech an der Lëtzebuerger Musekszeen ze beweisen.
Dem Maz seng Performance den Owend um 20:00 Auer wäert e Mix vu Rap a Poesie ginn, begleet mat doucen Piano Téin an awer och markanten Hip Hop Beats.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.