
Vum 25. Juli bis de 5. September stellt den 38-Joer-ale Kënschtler seng Installatioun “Sollbruchstellen” an der Annexe22 zu Esch op der Brillplaz aus. D’Wierk vum Max Mertens géif de kreativen Akt vun der Zerstéierung opgräifen, heescht et am Schreiwes vun Esch2022, inspiréiert vun de Wierker vum Schwäizer Kënschtler Jean Tinguely, déi sech selwer zerstéieren.
Wann d’Visiteuren an d’Ausstellung eraginn, léise si e Mechanismus aus, duerch deen d’Skulpture sech selwer futti maachen a sech doduerch permanent veränneren. “D’Wierk zeechent sech aus duerch den ästhetesche Prozess vun der Ofnotzung”, esou de Max Mertens,”zum Schluss wäert et net méi dat selwecht sinn, wéi nach am Ufank - genee dat mécht et fir mech esou spannend”.
D’Ausstellung ass Donneschdes a Freides vun 2 bis 18 Auer a Weekends vun 11 bis 18 Auer op. Vernissage ass de 25. Juli um 11 Auer. Iwwerdeems kann ee se vum 25. Juli un och virtuell besichen op Facebook oder um Internetsite www.esch2022.lu
De Projet europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 huet d’Zil, regionalen an internationale Kënschtler eng Plattform ze ginn, fir hir Projeten ëmzesetzen.
