Zanter Wochen a Méint dominéiert weltwäit ee grousst Thema: d’Corona-Pandemie. Se betrëfft eis alleguer a jidderee muss seng Manéier fannen, fir domat ëmzegoen.
Ee Wee, deen een do international beobachte kann, schéngt d’Musek ze sinn. Och zu Lëtzebuerg gëtt sech op déi ënnerschiddlechst Aart a Weis musikalesch mat der Kris auserneegesat.
