Entdeckungsrees"Mat der Boma an dem Bopa” an de Mudam

RTL Lëtzebuerg
D'Chrëschtzäit ass déi Zäit, déi ee gäre mat der Famill verbréngt. Firwat dann net profitéieren an zesummen an de Musée goen?
"Mat Boma a Bopa” an de Mudam
Chrëschtdag ass déi Zäit, wou ee gären mat der Famill verbréngt. Firwat dann net profitéieren an zesummen an de Musée goen?

Den Ament bitt de Mudam e ganz besonnesche Programm un. Kanner kënnen zesumme mat Bomi a Bopi op eng kreativ Entdeckungsrees goen.

“Mat Boma a Bopa” heescht d’Visite guidée, déi eemol wärend all Schoulvakanz organiséiert gëtt. Kanner vu 6 Joer u kënnen zesumme mat hire Grousselteren déi aktuell Expoen am Mudam kucke goen a kréien zäitgenëssesch Konscht erkläert.

Wat e bësse méi duuss ugaangen ass, huet sech séier geluecht a mat groussen Aen hunn déi Kleng dem Guide nogelauschtert - a hu souguer fläisseg matgemaach. D’Grousselteren hunn houfreg mat gelauschtert.

E Stack méi héich bei der “Mudamini Akademie” kréie Kanner tëschent 9 a 12 Joer d’Wierker vum David Wojnarowicz virgestallt. E ganzen Dag laang entdecken d’Kanner dem Kënschtler seng Themen a kucke sech d’Konschtwierker ganz genee un. Bei den interaktiven Deeler stierze sech d’Kanner begeeschtert op d’Pabeieren a Pinselen a loossen hirer Kreativitéit fräie Laf.

Den 29. a 30. Dezember gi weider Visite-guidéeën a Workshoppe fir Kanner a franséischer Sprooch organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO