
Obwuel den Ament d’Kulturliewen méi roueg ass, d’Theater- a Concertssäll zou sinn an an de Proufraim keen normale Schaffalldag gelieft gëtt, huet d’Schneiderei vum Théâtre National hir Dieren net ganz zougemaach.
Am Géigendeel, seet d’Schneiderin Denise Schumann, déi hir flénk Hänn an hiert gekonnt Handwierk dëser Deeg dofir notzt, Masken ze bitzen.

Eng ganzer 500 wiere schonn entstanen. D’Maske ginn un de Ministère de la Santé, deen d’Material da ka verdeelen, wou et néideg ass. Natierlech sinn et keng medezinesch Masken, allerdéngs ginn och esou Masken aus Stoff am Alldag mëttlerweil vill gebraucht.