Filmfestival vu VenedegMasken an Tester sinn dëst Joer Deel vum Festival

RTL Lëtzebuerg
D'Organisateure vum internationale Filmfestival vu Venedeg hunn d'Corona-Mesurë fir de Festival, deen am September soll sinn, annoncéiert.

Fir d’Leit, déi an d’Kinoe ginn, gëllt wärend de Filmprojektiounen eng Maskeflicht. D’Tickete fir d’Virféierunge mussen donieft via Internet reservéiert ginn, fir sécherzestellen, datt all zweete Sëtz am Kinossall eidel bleift.

De rouden Teppech wäert da ronderëm och eidel bleiwen. Fans a Virwëtzeger dierfen dëst Joer kee Bléck op d’Prominenter aus der Filmbranche werfen, wa se iwwert de rouden Teppech ginn. Visiteuren, déi baussent Europa fir de Filmfestival op Venedeg areesen, musse sech am Virfeld op de Coronavirus teste loossen.

Déi 77. Editioun vum Filmfestival vu Venedeg ass vum 2. bis den 12. September a wäert dat éischt grousst Evenement sinn zanter Ufank vun der Pandemie.

Back to Top
CIM LOGO