
D’Oberlandesgeriicht zu Köln huet en Urteel géint e Mann confirméiert, dat well hie Wierker vum weltbekannten däitsche Kënschtler Gerhard Richter aus enger Dreckskëscht matgoe gelooss huet. Dëst obwuel dës Wierker kloer auszortéiert goufen, esou e Porte-Parole vum Geriicht zu Köln. Déi konkret Strof géint de Mann muss allerdéngs elo nei definéiert ginn.
Den Ugekloten hat e Rendezvous mam Kënschtler zu Köln, dat fir him eng Partie Wierker vu Kënschtler unzebidden. Et koum awer net zu engem Verkaf. Beim Verloosse vum Studio ass dem Ugekloten um Grondstéck vum Gerhard Richter dunn eng Pabeiersdreckskëscht opgefall. Dës war ëmgefall an en Deel vum Contenu louch niewent der Dreckskëscht.
Wéi de Mann den Dréck opgeraf huet, ass dem Mann opgefall, dass 4 Konschtwierker vum Gerhard Richter dobäi waren, déi de Kënschtler selwer awer ewechgehäit huet. Well de Mann gemengt huet, dass hien näischt falsch géif maachen, huet hien d’Wierker matgeholl. Spéider huet de Mann du versicht, déi ewechgehäite Konschtwierker vum Richter ënnerschreiwen ze loossen an an engem Auktiounshaus ze verkafen.
Dowéinst gouf de Mann dann och elo schëlleg geschwat, well hien dem Geriicht no d’Biller effektiv geklaut huet. Wéi decidéiert gouf, war de Gerhard Richter nach ëmmer de Proprietär vun de Wierker, déi zwar schonn an der Dreckskëscht louchen, ma nach ëmmer op sengem Grondstéck stoungen.