
Trotz Corona-Pandemie muss een an Zukunft net méi op d’Kino-Erliefnes verzichten. D’Gemeng Mamer huet zesumme mat Caramba a Bauhaus Lëtzebuerg en Autokino op d’Been gesat.
Blockbuster, Klassiker, Komedie oder Kannerfilmer stinn um Programm, sou datt Grouss a Kleng nees Kino-Feeling erliewe kënnen - natierlech ënner strenge Konditiounen a Sécherheetsmoossnamen. Am eegenen Auto ass et dann och effektiv méi einfach, sech un d’Corona-Reegelen ze halen.
Um Parking vum “Bauhaus” op der Cap huet d’Gemeng déi ideal Plaz fonnt, dësen Autokino kënnen z’installéieren. Tickete ginn et online am Virverkaf um Internetsite vun der Gemeng Mamer. De Präis läit bei 15 Euro fir en normale Film an 10 Euro, wann e Kannerfilm gewise gëtt. Dëse Präis gëllt pro Auto an net pro Persoun.
Vu mëttwochs bis freides ginn d’Filmer um 21 Auer gewisen, sonndes an op Feierdeeg um 14, respektiv 17 an 20 Auer. Erafuere kann een eng hallef Stonn virum Start vun der Projektioun. Op der Plaz suerge Food Trucks dofir, dass och kee muss hongereg Heem fueren.

| Séance 14h00 | Séance 17h00 | Séance 20h00 | Séance 21h00 | |
|---|---|---|---|---|
| Jeudi, 14.5.2020 | The Gentlemen (VO st français) | |||
| Vendredi, 15.5.2020 | Die Känguru Chroniken (deutsche Originalfassung) | |||
| Samedi, 16.5..2020 | Jumanji, the next Level (deutsche Fassung) | |||
| Dimanche, 17.5.2020 | Frozen II (deutsche Fassung) | Sonic the Hedgehog (deutsche Fassung) | The Lion King (VO sous-titres français) | |
| Mercredi, 20.5.2020 | Bloodshot (VO sous-titres français) | |||
| Jeudi, 21.5.2020 (Ascension) | Frozen II (version française) | König der Löwen (deutsche Fassung) | Knives Out (VO st français) | |
| Vendredi, 22.5.2020 | Joker (VO st français) | |||
| Samedi, 23.5.2020 | Onward (VO deutsche Untertitel) | |||
| Dimanche, 24.5.2020 | Sonic the Hedgehog (version française) | Onward: Keine halbe Sachen (deutsche Fassung) | Das perfekte Geheimnis (deutsche Originalfassung) |
De Programm ännert all puer Wochen.
Natierlech ginn et och an engem Autokino Reegelen, un déi ee sech wärend der Corona-Pandemie hale muss.