Kultur trotz CoronaLuxembourg Street Photography Online Festival

RTL Lëtzebuerg
D'Diere vun de Rotondes zu Bouneweeg si bis op weideres zou. Op de Luxembourg Street Photography Festival muss een trotzdeem net verzichten.
Luxembourg Street Photography Online Festival
Luxembourg Street Photography Online Festival
© Rotondes

Zanter dass Kameraen kleng an drobar sinn, gi Fotografen eraus a fotograféieren d’Mënschen an de Stroossen. Zeenen aus dem deegleche Liewen afänken, d’Magie vum Moment festhalen – dorëms geet et an der “Street Photography”. Et ass eng Konscht fir sech, déi en intime Bléck op d’Welt erlaabt.

Fotografe wéi den Henri Cartier-Bresson, d’Vivian Maier oder de Robert Doisneau hunn de Genre an den 1930er Jore bekannt gemaach, säit en ettleche Joren erlieft dësen duerch déi enorm Verbreedung vun der Digitaliséierung an dem Internet e neien Opschwong.

Vum 7. bis den 10. Mee invitéiert de “Street Photography Luxembourg” Kollektiv, zesumme mat de Rotondes, op déi 4. Editioun vum Luxembourg Street Photography Festival.

Vue dass jo wéinst der Corona-Pandemie all gréisser kulturell Evenementer bis Enn Juli annuléiert goufen, huet d’Street Photography Luxembourg Team decidéiert de Festival dëst Joer a virtueller Form ofzehalen.

Wärend dëser Spezialeditioun presentéieren renomméiert international Fotografen hir Aarbechten iwwer d’Online-Plattform ”Zoom” an erkläre wat ee gudde Street-Fotograf ausmécht.

Mat dobäi sinn:

De Pierre Gély-Fort

© Pierre Gély-Fort

De Gil Rigoulet

© Gil Rigoulet

De Vlad Eftenie

© Vlad Eftenie

an den Joe Aguirre

© Joe Aguirre

Déi traditionell Slide Night dierf dëst Joer natierlech och net um Programm feelen.
Op Expert oder Amateur, a Form vu Slide-Showen dierfen eng Rëtsch Street-Fotografe, deenen hir Aarbechte vun engem Jury ausgewielt goufen, dem grousse Pulic hir beschte Momentopname weisen.
Déi verschidde Slide-Presentatiounen kann ee sech wärend dem Festival um Facebooksite wéi och op der Websäit vum Festival ukucken.

D’Online-Versioun vun der Open Wall bitt jiddwerengem d’Méiglechkeet seng beschte Stroossefotografie ze weisen.
Vum 7. Mee un kann een entweder eng eenzel Foto oder eng Serie vu bis zu fënnef Biller op Instagram posten. Also, avis aux amateurs!

Wie gären en éierlechen a konstruktive Feedback zu sengen Aarbechten hätt, dee ka sech umelle fir ee virtuellen 1 zu 1 Portfolio Review mat engem professionelle Street-Fotograf ze kréien.
D’Aschreiwunge lafen, d’Plaze si limitéiert!

Weider Informatiounen zum Festival fannt Dir ënner www.lspf.streetphoto.lu

Back to Top
CIM LOGO