
En anert Wonnermëttel, dat an dëser Krisenzäit och fir gutt Laun an aner Gedanke suergt, ass d’Televisioun. Besonnesch eng Filmrei schéngt den Ament zimmlech beléift ze sinn: de Louis de Funès. D’Erklärung dohannert ass simpel: “hie wierkt wéi en Anti-Depressivum”, seet de Christophe Mikhaïloff, Kommunikatiounsdirekter vum nationale franséische Filminstitut.
Eleng a Frankräich hu sech déi lescht Deeg 5 Millioune Mënschen d’Krichssartire “La Grande vadrouille” op der Chaîne France 2 ugekuckt, 4 Millioune Spectateuren hunn iwwert “Les Aventures de Rabbi Jacob” gelaacht.
Dass sech d’Filmer vum Louis de Funès positiv op d’Gemitt vum Mënsch auswierken, ass och dem Canal+ duerchaus bewosst. Dowéinst gouf op dëser Chaîne fir de Mount Abrëll e Laach-Marathon mat lauter Funès-Klassiker wéi “Le grand restaurant” oder “Oscar” ugekënnegt.
Schlussendlech ass et awer net nëmmen d’Wierk vun dësem franséische Schauspiller, deen an Zäite vum Confinement Balsam fir d’Séil ass. Och aner Komödianten, wéi de Stan Laurel, Oliver Hardy oder den Charlie Chaplin erfëllen hiren Zweck a brénge Grouss a Kleng och no Joerzéngten nach zum Laachen a loossen ee fir e puer Stonne vergiessen, wat grad an der Welt lass ass.
