
Dat ware knapps 18.000 verkaaften Tickete méi wéi fir de Film Avengers: Endgame, deen op der 2. Plaz ass. Knapps hannendrun ass den Animatiounsfilm Frozen 2 mat 55.490 Entréesticketen.
Weider an den Top 10 vun den iwwer 700 Filmer, déi zejoert an nationale Kinoe gewise goufen, fënnt ee Filmer wéi Joker, Star Wars 9, Aladdin oder Once Upon a time in Hollywood.
Déi Lëtzebuerger Produktioun, déi sech am meeschten ugekuckt gouf, war de Superjhemp Retörns mat 8.774 Ticketen am Laf vum leschte Joer.