
Wéi variety.com schreift, géing zurzäit iwwert d’Eliza Scanlen, den Thomasin McKenzie, den Aaron Pierre, den Alex Wolff an d’Vicky Krieps negociéiert ginn.
Vill Detailer ginn et iwwert déi mysteriéis nei Produktioun allerdéngs net, just, dass et eng Zesummenaarbecht mat Universal Picture ass. Offiziell kommentéiert goufen d’Rumeuren nach net, weder vum Shyamalan nach vu Universal Picture.
Hien huet ënnert anerem d’Filmer Praying with Anger (1992), The Sixth Sense (1999), Unbreakable (2000), Signs (2002) oder The Village (2004) produzéiert.