Kultur fir doheem (25)Lëtzebuerger Musek, eng faszinant Serie an en Zeecheconcours

RTL Lëtzebuerg
Eng Serie, déi en Abléck an eng ganz speziell Welt gëtt, en neien Album vum Pascal Schumacher an en Online-Zeecheconcours fir d'ganz Famill.

D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater a sou weider verzichten.

D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Eng nei Serie op Netflix

Unorthdox baséiert op der Bestseller-Autobiografie vum Deborah Feldmann. D’Buch, dat 2012 erauskoum, gouf elo vun der däitscher Schauspillerin a Regisseurin Maria Schrader fir eng Netflix-Serie adaptéiert.


D’Mini-Serie erzielt d’Kandheet an d’Jugend vun der 19 Joer aler Esther Shapiro, genannt Esty, an der ultra-orthodoxer jüddescher Glawensgemeinschaft zu New York am Quartier Williamsburg.

Eng Welt, un där déi jonk US-Amerikanerin lues a lues erstéckt a schlussendlech decidéiert, op Berlin ze flüchten.

D’Mini-Serie, déi aus 4 Episode besteet, ass spannend an awer och emouvant a gëtt en Abléck an déi ganz eegen a geschlosse Welt matzen an der Milliounen-Metropol New York.

Neien Album “SOL” vum Pascal Schumacher

De Lëtzebuerger Vibraphonist a Komponist Pascal Schumacher, deen haaptsächlech fir seng Kollaboratioune bekannt ass, huet sech fir säin neien Album eleng op d’Rees gemaach. “Ech hunn eleng esou vill iwwert mech geléiert, méi wéi ech mer jee erwaart hätt”, seet de Museker.

Den Ausléiser vun dësem Solo-Projet war e Concert virun zwee Joer op engem Festival zu Salzburg, wou de Pascal Schumacher gefrot gouf, eleng opzetrieden. E Moment, dee villes geännert hätt, seet de Vibraphonist, well hie sech dee Moment einfach immens fräi gefillt hätt an en dat Gefill virdrun ni an deem Mooss hat.

Et ass e ganz duussen an intimen Album, dee souzesoen dem Vibraphone dediéiert ass an deen d’Villfältegkeet vum Instrument ervirhieft.

“Moolt ons een...” online Zeecheconcours vun de Rotonden

Moolt ons een.../Dessine-moi un... war eigentlech geplangt fir de kreative Brunch an de Rotonden nächste Weekend. Ma well déi aktuell Corona-Kris dat natierlech net erlaabt, gouf dat Ganzt an en Online-Concours ëmfunktionéiert.
Et fänkt e Samschdeg 18.4. un an dauert bis e Sonnden 19.4. an adresséiert sech un d’ganz Famill.

Nach ass d’Thema vum Concours net bekannt. Dat gëtt een e Samschdeg de Moien op der Facebook Säit vum Evenement gewuer. An da gëllt et, dat néidegt Material erbäizehuelen, d’Faarwen ze spëtzen an drop lass ze molen an ze zeechnen. Bis e Sonndeg de Mëtteg hunn d’Kanner dann Zäit, hir Kreatiounen eranzeschécken.

Fir déi, déi net direkt eng eegen Iddi hunn, wäerten Illustrateuren an Illustratricë Videoe posten, déi als Inspiratioun dénge kënnen.

Wann d’Kanner dann hir fäerdeg Wierker erageschéckt hunn, ginn e Sonndeg am spéide Mëtteg d’Coup-de-coeure via Video vun engem Jury annoncéiert.

Weider Informatiounen zum Concours:

Rotondes.luFacebook Event

Back to Top
CIM LOGO