
Den Henri Dillenburg ass den 21. Mäerz 1926 zu Dikrech op d’Welt komm.

Hie war 1954 ee vun de Matgrënner vun den Iconomaques, der Lëtzebuerger Konschtbeweegung, déi abstrakt Molerei hei am Land virubruecht huet. Hien huet als plastesche Kënschtler gemoolt. Zesumme mam Jean-Pierre Calteux krut hien 1954 de Prix Grand-Duc Adolphe.
