An elo kéint et den 9. Februar och en Oscar ginn. Lëtzebuerg schéckt de Film vum palestinensesche Regisseur Sameh Zoabi an der Kategorie „Filmer an auslännescher Sprooch" mat an d'Course. Fir en Oscar ze gewannen, misst sech déi Lëtzebuerger Co-Produktioun géint 92 aner Konkurrenten duerchsetzen.