Podcast 1Komma5Grad“Lëtzebuerg war eng Insel”

RTL Lëtzebuerg
Wat huet Paleontologie mat Klimawandel ze dinn? De Bléck an d'Vergaangenheet hëlleft eis ze verstoen, wat haut geschitt, esou de Wëssenschaftler Ben Thuy.
Podcast 1Komma5Grad
Am Naturmusée ass den Ament d’ Ausstellung “Lost Ocean”. D’ Ausstellung weist wei Lëtzebuerg virun 183 Millioune Joren ausgesinn huet.

Am Naturmusée ass den Ament d’ Ausstellung “Lost Ocean”. D’ Ausstellung weist wei Lëtzebuerg virun 183 Millioune Joren ausgesinn huet. De Norde vum Land war Deel vun enger Insel. De Süde war Mier. Mir hu mam Paleontolog Ben Thuy iwwert d’ Welt vu virun 183 Millioune Joer geschwat a gekuckt wat een aus dem Wëssen notze ka fir Phenomener vun haut besser ze verstoen.

De Mieresspigel huet sech iwwert di ganz Geschicht vun der Äerd ëmmer nees geännert, Geologe kennen dat och ganz gutt un de Gestengsschichten noweisen.

D’ Welt virun 183 Millioune Joer huet komplett anescht ausgesinn. Fossilien déi am Naturmusée opgeschafft ginn, sinn historesch Zäitzeien an erméiglechen et ze rekonstruéiere wei d’ Welt deemools ausgesinn huet. E Bléck an d’ Vergaangenheet mécht et fir d’ Wëssenschaft méiglech an d’ Zukunft ze kucken.

Lauschtert de ganze Podcast op RTL Play!

Back to Top
CIM LOGO