D’Lalumi ass eng ganz léif kleng Raup, déi an hirer Wiss ganz vill flott Aventure mat hire Frënn erlieft. Ëmmer erëm huet d’Lalumi awer Honger a wat se méi maufelt, wat se sech ëmmer méi verwandelt. Fir d’éischt an eng Popp an dono an e wonnerschéine Päiperlek.
Siwe vun de Lalumi-Geschichte vum Luc Marteling mat Illustratioune vum Paulette Thinnes-Kauffmann (déi an 3 Bicher bei den Editions Saint-Paul publicéiert goufen) sinn op enger CD als Lauschtergeschichten an Zesummenaarbecht mat RTL a mat bekannte Stëmme vum Radio an der Tëlee erauskomm.
D’Bicher an d’CD sinn bei den Editions Schortgen ze kréien.
Um Youtube-Channel vum CNL, dem Lëtzebuerger Literatur-Zenter, kann een och d’Geschicht “Lalumi Alles just gedreemt” gesinn.
Lalumi “Alles just gedreemt”Video-Geschichte fir Kanner vum CNL
