Gemeng EschKulturstrategie presentéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Stad Esch wäert an den nächsten zwee Joer dräi nei Kultur-Plaze kréien.
Kulturstrategie zu Esch
D’Stad Esch wäert an den nächsten zwee Joer dräi nei Kultur-Plaze kréien.

Dat ass engersäits de Centre d’Art “Espace Lavandier”, e fréiere Commerce um Boulevard Prince Henri, deen als zäitgenëssesche Centre d’Art ëmfunktionéiert soll ginn an 2021 seng Dieren opmaache soll.

Kulturstrategie zu Esch - Rep. Christiane Kremer

Am “Bridderhaus” solle vun Ufank 2022 a Kënschtlerresidenzen d’Kreatioun an d’Recherche ënnerstëtzt ginn. Dëst Gebai gëtt momentan renovéiert.

An de “Bâtiment IV” soll schonn Enn 2020 seng Dieren opmaachen. D’Gebai vun Arcelor Mittal op de Friche vun Esch-Schëffleng soll e “lieu de rencontre et d’experimentation” ginn, an deem sozial Innovatioun a kulturell Kreatioun nieftenee bestoen. Hei fannen Associatiounen an Institutiounen eng Plaz, permanent Residente sinn ënner anerem den HARIKO, d’Kënschtlerassociatioun CUEVA, d’Theaterassociatioun ILL. Finanzéiert gëtt de Projet mat iwwer 400.000 Euro vun Arcelor Mittal, der Oeuvre, Esch2022 an der Stad Esch.

Déi dräi Kulturplaze sollen als ee Ganzt gesi ginn.

Nei Asbl “FrEsch”

Den 23. Mäerz 2020 gouf och eng nei Asbl gegrënnt mam Numm „FrEsch“, déi d’Strategie vun der Stad Esch op kulturellem Plang an den nächste Jore wäert weiderdroen. D’Associatioun huet fir d’Bridderhaus an den Espace Lavandier de Christian Mosar als Directeur artistique festgehalen, dee jo virun e puer Wochen an där Funktioun bei Esch 2022 opgehalen huet. D’Iddi vu „FrEsch“ wier et net, déi Projeten opzefänken, déi vun Esch 2022 net ugeholl goufen, et wier deemno och keng Konkurrenz, mä komplementär, huet de Schäffe vun der Gemeng Esch, de Pim Knaff, preziséiert.

Kultur zu Esch am Deconfinement

De Confinement vun de leschte Woche war natierlech och eng Erausfuerderung fir d’Escher Kulturhaiser, déi elo lues a lues nees hir Aktivitéite probéieren opzehuelen: no der Ouverture vun der Bibliothéik, dem Musée de la résistance, dem Conservatoire, gëtt och am Theater an an der Kufa un éischte Projete geschafft. D’Rockhal bleift den Ament nach zou. Fir 2021 kënnegen sech awer grouss Nimm un. An de Festival “Francofolies” fällt dëst Joer aus, déi nächst Editioun ass vum 11. bis den 13. Juni 2021.
Fir den 19. September 2020 ass dann awer “d’Nuit de la culture” programméiert.

PDF: Pressedossier Kultur zu Esch

Back to Top
CIM LOGO