LIVE aus der StuffKultur vun Doheem

Patricia Baum
D´Kulturzeen ass am Zwangscongé. Mä vun haut u gëtt et Kultur "Live aus der Stuff!"
© Bohumil Kostohryz

Fir de Kultursecteur ass di momentan Situatioun ellen. D´Kulturhaiser hunn all zou, Concerten hu missen ofgesot ginn, Kënschtler kënne weder op d´Bün nach kënne se hir Konschtwierker installéiere goen. Expoe si verluet, laang geplangten Theaterproduktioune leien op Äis. De Serge Tonnar huet zesummen mat Maskénada an dem Kulturministère eng Iddi lancéiert fir de Leit e Programm live aus der Stuff unzebidden. Aus de Kënschtler hirer Stuff an eis Stuff.

Eng Rei Artisten hunn sech hei scho gemellt an all Owend um 20:00 Auer wäert elo en aneren Artist eppes virdroen. Kënschtler filmen hir Performance selwer bei sech doheem an da gëtt se iwwer d´Facebook Säit “Live an der Stuff” iwwerdroen. rtl.lu iwwerhëlt dëse Stream.

D´Konditiounen sinn och hei zimmlech streng: Keng Prouwen, keng Leit bei sech heem loossen, a keng Deplacementer fir dee Programm.

Et soll ee sech et awer doheem gemittlech maachen an dëse Kultur-Event genéissen, esou de Serge Tonnar.

De Serge Tonnar iwwer den Owend “Live aus der Stuff”

Laut dem Serge Tonnar wieren all di Kënschtler och bereet gewiescht dat benevole ze maachen, ma de Kulturministère huet awer seng finanziell Ënnerstëtzung ugebueden, esou datt all Artist och dofir bezuelt gëtt.

17/03/2020 Serge Tonnar Live aus der Stuff part

D’Gestioun an Organisatioun, esou wéi d´Bezuelen vun den Artisten leeft iwwer d´Associatioun Maskénada.

Weider Kënschtler kënne sech gäre per Mail nach umellen: info@maskenada.lu

17.3. Jean Muller 20:00 Auer

LINK: Hei fannt Dir de LivestreamHaut den Owend um 8 Auer geet et lass mam Pianist Jean Muller, de bekannte Museker, dee vill am Ausland spillt an den Owend säi klasseschen Repertoire fir eis auspaakt.

“De Programm: Nocturne vum Chopin fir ze berouegen, den “Alla Turca” vum Mozart fir de Pepp nees dran ze kréien an eng Sonat vun engem vun deene gréissten Humanisten an Optimisten an der Mënschheetsgeschicht, dee säin 250. Gebuertsdag sécher net gäre mat enger Naturkatastrof gefeiert hätt, den Ludwig van Beethoven.”
(Jean Muller)

Live aus der Stuff mam Jean Muller op FB

18.3. Steve Karier 20:00 Auer

Mëttwoch: De Schauspiller Steve Karier liest an interpretéiert Kafka aus senger Stuff.

© Bohumil Kostohryz

19.3. Georges Urwald 20:00 Auer

De Georges Urwald, bekannt vun de Cojellico´s Jangen, spillt Piano a sengt al Lëtzebuerger Lidder.

20.3. Serge Tonnar 20:00 Auer

De Serge Tonnar gëtt ee Concert zum Beschten aus senger Stuff.

21.3. Roland Meyer 18:00 Auer

E Samschdeg um 18:00 Auer gëtt et e Programm fir Kanner - den Auteur Roland Meyer erzielt vu Piraten a Goldfësch.

22.3. Bartleby Delicate 20:00 Auer

Eng Live Session vum Bartleby Delicate - de George Goerens ass och bekannt als de Sänger vu Seed to Tree

Back to Top
CIM LOGO