Tëscht Frustratioun a KreativitéitKultur am Confinement weider liewe loossen

RTL Lëtzebuerg
De 14. Mäerz hu sämtlech Kulturhaiser am Land missen zoumaachen an eng 12.000 Leit, déi am Secteur schaffen, sinn zënter deem Zäitpunkt am “Stand by”.
Kultur am Confinement weider liewe loossen
De 14. Mäerz hu sämtlech Kulturhaiser am Land missen zoumaachen an eng 12.000 Leit, déi am Secteur schaffen, sinn zënter deem Zäitpunkt am “Stand by”.

De Lockdown ass fir d’Kënschtler e Balanceakt tëscht Frustratioun a Kreativitéit gewiescht. D’Corona-Kris huet mat sech bruecht, datt eng 1.000 Evenementer an eng 100 Ausstellungen hu missen ofgesot ginn. Dat huet déi Kreativ am Land awer net dervun ofgehalen, d’Kultur weider liewen ze loossen.

Mä wéi geet een als fräischaffende Kënschtler mat dëser onstabiller Situatioun ëm? Wéi fënnt een elo nom Confinement nees de Wee zeréck op d’Büne vum Land? A geet de Pak vu 5 Milliounen Euro, dee vun der Regierung fir d’Kultur deblockéiert gouf, duer, fir dem Secteur eng gréisser Kris z’erspueren? Genee dës Froen hu mer 4 verschidde Kënschtler gestallt:

• Sylvia Camarda, Dänzerin, Choreographin an zukünfteg Mamm;
• Yann Tonnar, Realisateur a Mann vum Sylvia Camarda, Fräischaffenden am Filmberäich;
• Pascal Schumacher, Lëtzebuerger Museker, dee matten am Confinement de Release vu sengem neien Album sollt hunn;
• Frank Hoffmann, Direkter vum TNL, dee mat eis iwwert d’Situatioun vun de Kulturhaiser geschwat huet.

Den Interview mat de Kënschtler fannt Dir am Video-Reportage.

Back to Top
CIM LOGO