Bekannte polnesche KomponistKrzysztof Penderecki ass am Alter vu 86 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Hien huet zu de wichtegste Komponisten aus der Géigewaart gehéiert.
© AFP

E Sonndeg koum d’Nouvelle vun der Noriichtenagence PAP, datt de polnesche Komponist Krzysztof Penderecki am Alter vu 86 Joer zu Krakau verstuerwen ass.

De Pol gouf a sengen Ufankszäiten der Avantgarde zougeschriwwen, huet sech an de weidere Joren awer och méi traditionelle Formen zougewannt. De Krzysztof Penderecki huet och bekannte Museksstécker fir Hollywood-Filmer wéi “Shutter Island”, “Shining” oder nach “The Exorcist” geschriwwen.

Eng weider bekannte Kompositioun huet de Krzysztof Penderecki den Affer vum Bommenugrëff op Hiroshima gewidmet.

Back to Top
CIM LOGO