
De Museker David Ianni an de Regisseur David Draad wollten en neie Museksvideo fir d’Stad Ettelbréck produzéieren. Zesumme mat Studente vum Conservatoire de Musique du Nord sollt d’Stéck “Together” entstoen. Leider huet de Coronavirus hinnen e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
E Grond, de Projet op Äis ze leeën, war dat awer net. Dem Lëtzebuerger Museker koum kuerz drop d’Iddi, de Projet mat Hëllef vum Public ze realiséieren, ebe grad an enger Zäit, wou Hoffnung, Solidaritéit a Freed gefrot sinn.
Filmt Iech selwer a schéckt dem David Ianni Äre Video. Aus all de Videoen, déi erakommen, gëtt ee gemeinsame Museksvideo realiséiert.
D’Museker aus dem CMNord hu sech selwer gefilmt an hunn d’Musek doheem opgeholl. Dat Ganzt gouf duerno vun engem Touningenieur zesummegeschnidden.
1. Gitt kreativ!
Lauschtert d’Lidd, mat Kopfhörer oder iwwert Är Anlag, a maacht dat, wat Iech dozou afält oder op wat och ëmmer Dir Loscht hutt. Danzen, Geste vun de Museker imitéieren - Loft-Gittar zum Beispill - an d’Hänn ze klappen, en Daum erophalen oder einfach just wénken? Ganz egal, et ass just matmaache gefrot.
Vläicht sidd Dir de Moment a Quarantän oder musst schaffen, well Är Aarbecht an dëser Krisenzäit och weiderhi muss gemaach ginn. Weist, wéi Dir mat der Situatioun ëmgitt!
2. Klappt den „Together Clap“
Eng Saach soll onbedéngt an de Videoclip: no exakt 2 Minutte vum Lidd fänkt en Deel mat Hänn-Klatschen un. A vun do u sollt ee matklappen, net laang...eng 20 Sekonnen. Et ass eng Sequenz vun dräimol Klappen. Klappt vu lénks no riets, sou wéi et am Video gewise gëtt.
All d’Detailer iwwert de Projet “Together” fënnt een um Site vum David Ianni.