
U sech hätt de Film den 31. Mäerz dëst Joer zu London seng Première feieren an duerno weltwäit an de Kinoe starte sollen. Wéinst der Corona-Pandemie war de Kinosstart dunn op November verréckelt ginn. Och dëse Rendez-vous kann net méi anhale ginn. De Start ass elo fir den 2. Abrëll virgesinn.
En Donneschdeg hat d’Billie Eilish de Museksvideo vum Titelsong vum neie Bond-Film “No time to die” presentéiert.