"Corina"Keng Eemaischen zu Nouspelt an awer war d'Editioun 2020 e groussen Erfolleg

Jeannot Ries
"Dat gouf et nach ni", sou de René Müller, President vum Organisatiounscomité.
Keng Eemaischen zu Nouspelt, Editioun 2020 awer een Erfolleg
“Dat gouf et nach ni”, sou de René Müller, President vum Organisatiounscomité.

Et war effektiv roueg an de Stroossen vun Nouspelt. Kaum en Auto, kéng Mënscheséil. Do huet dach iergend eppes gefeelt, wat zanter 63 Joer Dausenden Leit op Ouschterméindeg an Duerf vun den Aulebäcker unzitt. “51 Joer sinn ech am Comité. Ech hunn dann och alles matgemaach, wat an deene Jore gelaf ass. An ech kann iech just soen, sou eng Eemaischen hunn ech nach net erlieft. Et ass nach ni ofgesot ginn. Mir hunn schonn allerhand erlieft. Mir haten verreenten Eemaischen. Mir haten an den 90er Joren eng Eemaischen do huet et vu Moies bis Owes wéi mat Eemeren geschott. Mir haten iwwerhaapt keng Stänn opgeriicht. Mir haten eng Eemaischen, wou Schnéi louch. Mir hunn allerhand erlieft. Ma dat do hu mer nach ni gehat” sou de René Müller, President vun der Nouspelter Eemaischen.

D’Péckvillercher bloufen dëst Joer an de Këschten, wat awer net heescht, dat se net ënner d’Leit kommen. Speziell Ëmstänn. Speziell Reaktioun. Punkt 10 Auer goung den Online-Shop op. Fir e Corina, en Usch, e Spero oder de Schrovillchen z’erwëschen.

“Mir haten elo schonn eng 400 Bestellungen, déi eragaange sinn. Dat heescht bannent enger Véierelstonn. Wou mer erstaunt sinn, datt d’Leit sou online direkt um 10 Auer ufänken, wéi mer dat u sech gewinnt sinn. “ sou den Nicolas Berton, Sekretär vun der Nouspelter Emaischen.

3 Stonne méi spéit war d’Editioun 2020 ausverkaf. Eng ganz spezial Editioun. Mat selwer gebastelter Mask. A fir de gudden Zweck.

“U sech hu mer dëst Joer de Péckvillchen, dee mer zesummen mat der HMC maachen. En heescht Corina. Mir verkafen e fir 15 Euro an dovun gi 5 Euro un d’Fondatioun Covid-19. Dofir och mat der Mask equipéiert. Duerno a senger Vitrinne weess een, dat war dat Joer, do war keng Eemaischen. Do waren déi besonnesch Ëmstänn. Dofir hu mer dee Péckvillchen sou maache gelooss.” sou de Nicolas Berton.

D’Decisioun, d’Editioun vum dësem Joer net nozehuelen, war déi richteg, sou d’Memberen vum Organisatiounscomité. An net just si, ma och d’Providers ginn elo schonn Rendez-vous fir d’nächst Joer. Um Weekend vum 3. bis de 5. Abrëll 2021.

Back to Top
CIM LOGO