
Fir d'éischte Kéier bei esou enger General-Konferenz krute Jonker d'Wuert, déi sech mat de Politiker an de Staats-Cheffen iwwert d'Zukunft vun eisem Planéit konnten austauschen.
Déi jonk Lëtzebuergerin Séréna Boukelmoun, eng Schülerin aus dem Stater Kolléisch, huet dobäi e Plädoyer gehalen, fir e cleveren Asaz vun neien Technologien.
D'Ministesch Tanson huet iwwerdeems och d'Memberlänner gefrot, d'Kandidatur vun der Lëtzebuerger Minett-Regioun ze ënnerstëtzen, fir an de Biosphèren-Programm vun der Unesco opgeholl ze ginn.