Live aus der Stuff - ReplayJonn Happi

RTL Lëtzebuerg
De Spezialist fir gutt Laun.
© Luca Santostasi

Dem Jonn Happi seng Showe sinn e gudde Mix aus Ironie, Talent, Pannen an Applaus. Hien ass immens wandelbar an beherrscht vill akrobatesch an humorvoll Tricken. Ob Zirkus, Zauberei oder Danz, den Jonn Happi huet eng sëlleg verschidde Programmer di hien ubitt.

Fir de Live aus der Stuff proposéiert den Jonn Happi den Owend um 20:00 Auer eng rëtsch kleng Workshops ronderëm Beweegung, Koordinatioun, Spaass a Spill.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.

Back to Top
CIM LOGO