
D’Lëtzebuerger Bünekënschtler spille bei sech a sende live bei Iech an d’Stuff.
En Dënschdeg den Owend goung et lass mam Pianist Jean Muller, de bekannte Museker, dee vill am Ausland spillt a säi klassesche Repertoire fir eis auspaakt huet.
“De Programm: Nocturne vum Chopin fir ze berouegen, den “Alla Turca” vum Mozart fir de Pepp nees dran ze kréien an eng Sonat vun engem vun deene gréissten Humanisten an Optimisten an der Mënschheetsgeschicht, dee säin 250. Gebuertsdag sécher net gäre mat enger Naturkatastrof gefeiert hätt, de Ludwig van Beethoven.”
(Jean Muller)
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.
An op RTL.lu.