
Zanter 7 Joer scho gëtt et déi Lëtzebuergesch Formatioun “Go by Brooks”. Hire Stil kéint ee vun Ufank un als melancholesche Rock bezeechnen. Och de Sound vun der neier Single geet an déi Richtung, ma den Text soll éischter witzeg gemengt sinn. En erzielt d’Schwieregkeete bei der Sich nom richtege Partner an dat op eng ironesch Aart a Weis.
D’Melodie vum Lidd koum vum Nicolas Palumbo, dem Gittarist vum Grupp, ma den Text huet d’Sängerin, d’Laetitia Koener, geschriwwen.
“D’Iddi fir den Text ass mer eigentlech komm, well, obwuel ech zwar mäi Partner scho fonnt hunn, ech awer gesinn dass ganz vill Leit ëm mech nach sichen an dat dofir en Thema ass, datt mech awer trotzdeem beschäftegt, well ech mierken dass et fir vill Leit wierklech net einfach ass, e Partner ze fannen, dee gutt bei ee passt”, sou d’Musekerin selwer.
D’Observéiere vun de Leit ronderëm bréngt dem Laetitia allgemeng vill Inspiratioun. Sou huet si am Ufank vun der Karriär nach vill aus dem eegene Liewen erzielt, ma mëttlerweil dréinen sech déi meescht Texter ëm Saachen, déi Frënn a Bekannte passéieren.

Donieft inspiréiere si sech all och un anerer Musek an do géif dann och all Member vun der Band, seng Virléifte matbréngen. Esou héiert een am Sound och heiansdo Unzeeche vu Pop-Rock, progressivem Rock an deelweis souguer Jazz. Wichteg wier et hinnen awer, dass si hiren Ufanksstil, de melancholesche Rock, bäibehalen.
Am Fréijoer d’nächst Joer soll dann déi nächst Single vun der Band kommen an Enn 2021 wier och schonn den zweeten Album geplangt.