No Art on Air Spezial "LEAP Präis"Hisae Ikenaga heescht d'Gewënnerin

RTL Lëtzebuerg
D'Finaliste waren d'Suzan Noesen, d'Nina Tomàs, den Duo Baltzer-Bisagno an d'Hisae Ikenaga. Wéinst der Pandemie ware Finall an Ausstellung verluecht ginn.
„No Art On Air“
Eng intressant Talk-Ronn iwwer de LEAP-Präis aus de Rotonden.

Am September 2019 gouf et den Opruff vun de Rotonden un d’Kënschtler, hiren Dossier eranzeschécken fir déi 3. Editioun vum LEAP Präis, dee vun RTL presentéiert gëtt a mat 12.500€ dotéiert ass. De Präis adresséiert sech u Kënschtler, déi e Lien zu Lëtzebuerg an eng innovativ Demarche an der zäitgenëssescher Konscht hunn.

48 Demandë koumen eran a goufe vun engem internationale Jury bewäert: d’Hélène Guénin (Direktrice vum MUMAC zu Nice), d’Céline Offermans (KIT zu Düsseldorf), den Alexandre Bohn (Direkter vum FRAC zu Poitou-Charentes), de Marc Gubbini (Lëtzebuerger Konschtsammler) an de Frank-Thorsten Moll (Direkter vum IKOB zu Eupen).

Déi 4 Finaliste vun der 3. Editioun vum LEAP Präis waren: d’Suzan Noesen, d’Hisae Ikenaga, d’Nina Tomàs an den Duo Baltzer&Bisagno.

Um Enn huet sech de Jury fir d’Hisae Ikenaga entscheet.

LEAP Präis 2020 / Reportage Christiane Kremer

LEAP
D’Finaliste waren d’Suzan Noesen, d’Nina Tomàs, den Duo Baltzer-Bisagno an d’Hisae Ikenaga. Wéinst der Pandemie ware Finall an Ausstellung verluecht ginn.

D’Hisae Ikenaga

© Miriam Vera

Déi mexikanesch-spuenesch Artistin lieft a schafft zënter e puer Joer zu Lëtzebuerg. Si beschäftegt sech mat Objeten aus dem Alldag, deene se eng aner Bedeitung gëtt. An hirer artistescher Aarbecht fënnt een Theme wéi Ironie an Absurditéit.

© Juan Carlos Martinez
© IDC Studio
Präisiwwerreechung vum Leap no 8 Méint Waardezäit
Laang hu sech d’Kënschtler missen gedëllegen, lo dierfe si sech endlech der Jury stellen.

D’Suzan Noesen

© Suzan Noesen

Déi lëtzebuergesch-hollännesch Artistin, déi multidisziplinär schafft, lieft zu Lëtzebuerg. D’Kënschtlerin mécht quasi eng anthropologesch Recherche an hirer Aarbecht an stellt d’Fro vun der Ästhetik an der Konscht an engem soziale Kontext.

© Suzan Noesen
© Mike Zenari

D’Nina Tomàs

© Tania Bettega

D’Nina Tomàs huet d’franséisch an d’lëtzebuergesch Nationalitéit a schafft zu zu Bréissel an zu Lëtzebuerg. An hirer Molerei paakt si divers Themen un, beschäftegt sech mat verschiddene Systemer an Identitéiten.
Hir Wierker liewen duerch eng besonnesch Poesie, emol einfach, emol komplex.

© Tania Bettega
© Tania Bettega

Den Duo Baltzer & Bisagno

© Studio Vesotsky

De Franco-Lëtzebuerger Bruno Baltzer an d’italienesch-däitsch Kënschtlerin Leonora Bisagno schaffen hei am Land. Den Duo analyséiert d’Duerstellung vum Bild an engem zäitgenëssesche Kontext. D’Artisten loossen sech dobäi op eegen Erfarungswäerter an (Artiste-Residenz, e politescht Evenement, en Aktualitéitssujet).

© Baltzer Bisagno
© Studio Vesotsky

Communiqué: D'Finaliste vum LEAP Präis no den Deliberatioune vum Jury

Back to Top
CIM LOGO