Luxembourg Art Week 2019Héije Besuch fir d'Ouverture an der Victor Hugo Hal

RTL Lëtzebuerg
D'Luxembourg Art Week ass zu engem feste Rendez-vous an der zäitgenëssescher Konscht ginn.
© Paul Theisen / RTL

Nach virun der offizieller Ouverture vun der 5. Editioun vun der Konschtfoire gouf et méi héije Besuch an der Victor Hugo Hal. De Grand-Duc, zesumme mat der Kulturministesch Sam Tanson, dem Premier Xavier Bettel mat sengem Mann hu sech d'Wierker ugekuckt an erkläre gelooss.

Op 3 Deeg weisen a verkafen hei 65 regional an international Galerië Wierker vun zäitgenëssesche Kënschtler. Mat der neier Sektioun duerch "First Call" konnten dëst Joer och eng éischte Kéier international Exposanten dobäi sinn.

D'Art Week ass net nëmme fir Kënschtler interessant, och fir d'Visiteuren een ofwiesslungsräichen Eventprogramm gebueden.

E Freideg de Moien um 11 Auer huet d'Konschtfoire hir Dieren opgemaach.

RTL-Artikel: E Bléck hannert d'Kulisse vun der Luxembourg Art Week

LINK: Bliedert duerch den Online-Katalog.

Back to Top
CIM LOGO