Hardrock trëfft op LiteraturGuns N' Roses brénge Kannerbuch eraus

RTL Lëtzebuerg
Dass haart Museker och eng douce Säit kënnen hunn, huet d'Hardrock-Band Guns N' Roses ënner Beweis gestallt.
© Twitter / Guns N’ Roses

Am September soll nämlech hiert éischt Kannerbuch mam Numm “Sweet Child O’ Mine” op de Marché kommen, benannt no engem vun hire Lidder. Dëst ass eng Kooperatioun mam Bestseller-Schrëftsteller James Patterson, dee sech als grousse Fan vun der Band immens gefreet hätt, mat hinnen zesummenzeschaffen an e berüümten Hit a Buchform z’illustréieren. Dëst huet hien dem “People"-Magazin verroden.

Mat dësem Projet wëll een dem Lidd “Sweet Child O’ Mine” eng nei Bedeitung ginn. D’Kannerbuch soll vun engem Kand handelen, dat entdeckt, dass iwwerall an eiser Welt Musek ze fannen ass, “vum douce Wand bis hin zum fuerchtbaren Donner”.

Zanter 2008 huet d’Band keen neien Album méi erausbruecht. Wéi et heescht, géinge si awer un neier Musek schaffen. Ob dat wierklech stëmmt, wäert sech déi nächst Méint erausstellen.

Back to Top
CIM LOGO