
Vum 21. August bis den 29. November weist de Folkwang Musée zu Essen an Däitschland eng ganz Panoplie vum Keith Haring senge gezeechente Figuren a Bildmotiver déi weltwäit bekannt sinn.
De Moler mam onendleche Stréch, esou ass de Pop-Art-Kënschtler Keith Haring ëmmer erëm genannt ginn. Hien ass 1990 am Alter vun nëmmen 31 Joer un Aids gestuerwen ass, ma ass nach haut fir säin onverkennbare Styl bekannt. Hie stoung am Zentrum vun der legendärer Konschtzeen vu New York an den 1980er Joren an huet zesumme mat Kënschtler wéi dem Andy Warhol, dem Madonna oder dem Grace Jones geschafft.
D’Ausstellung zu Essen soll de kreative Geescht vun den 1980er Jore féieren, an deenen d’Grenzen tëscht Konscht a Popkultur anenee verschwomme sinn.