MudamGrouss Eenzelausstellung vum Jean-Marie Biwer

Patricia Baum
Zanter e Freideg stellt de Lëtzebuerger Moler seng Wierker ënnert dem Titel "D'après nature" am Mudam aus.
Grouss Eenzelausstellung vum Jean-Marie Biwer
Zanter e Freideg stellt de Lëtzebuerger Moler seng Wierker ënnert dem Titel “D’après nature” am Mudam aus.

Eng Eenzelausstellung am Mudam: Dat ass fir Lëtzebuerger Kënschtler en Dram. Bis ewell hate réischt 6 Stéck déi Chance. Zwee dovunner no hirem Doud. Ma de Moler Jean-Marie Biwer stellt zanter e Freideg Wierker aus de leschte 15 Joer am Mudam aus. Ënnert dem Titel “D’après nature”.

10/03/2020 Reportage Jean-Marie Biwer (P.Baum)

Ween de Jean-Marie Biwer a seng Konscht kennt, dee gesäit bei dëser grousser Eenzelausstellung genee wat ee vum Moler erwaart. Grouss formateg Biller, wéi sou dacks Natur, Landschaften, Beem a roueg Kompositiounen. Inspiréiert un deem wat hien am Alldag ëmgëtt, dacks d’Éislek, seng Heemecht. Onkomplizéiert Biller, an dat gewollt.

D’Wierker aus der Ausstellung si vun 2005 bis haut a gréisstendeels aus private Kollektiounen. Wéi beispillsweis de wooden Sketchbook. Eng Aarbecht, déi de Moler 2014 ugefaangen huet. Et ass eng Zort Tagebuch mat iwwert 150 klenge Biller.

De Kënschtler ass bekannt fir seng grouss Formater. No engem gesondheetleche Probleem virun e puer Joer huet hie säi Schaffrhythmus allerdéngs missen adaptéieren.

Eng eenzel Ausstellung an engem prestigiéisen a weltwäit bekannte Musée, wéi de Mudam, ass fir de Jean-Marie Biwer sécherlech eng schéin a wichteg Unerkennung.

Back to Top
CIM LOGO