Zënter Méint sti vill Froen an Diskussiounen ronderëm d’Kulturhaaptstad Esch 2022 am Raum. Ma um Donneschdeg ass e wichtege Schrëtt gemaach ginn.
D’Kommunikatiouns-Campagne ass offiziell lancéiert a fir di éischte Kéier kann een elo mol iwwerhaapt gesinn, wéi de Minett sech 2022 wäert presentéieren. E klengen Avant-goût gouf et zum Thema Remix an der Maart-Hal zu Esch.