Oktav digital - en ongewinnte BildGottesdéngschter an der Kathedral ouni physesch Presenz

Tim Morizet
D'Oktav vum 2. bis de 17. Mee steet dëst Joer ënner anere Virzeechen.
Oktav 2020 digital
Déi traditionell Oktav gëtt et dëst Joer just am digitale Format.

Oktav 2020 digital / Rep. Tim Morizet

E Samschdeg de Mëtteg virun der Kathedral: et ass kaum eppes lass virun der Notre Dame. Visiteure sinn net erlaabt. D’Diere bléiwen dëser Deeg zougespaart - déi traditionell Muttergottes-Oktavmass gëtt et dëst Joer just am digitale Format. D’Renée Schmit, Organisatrice:

Mir hunn an enger zimmlech kuerzer Zäit eng Online-Oktav organiséiert. Iwwer Internet hu mer e permanente Livestream, deen hei an d’Kathedral geet. Hei gesäit ee souwuel d’Gottesdéngschter, ewéi och aner Momenter vu Gebiet, Rousekranz, awer och kënschtleresch Momenter.”

E vollen „online” Programm steet dëser Deeg un, dat fir d’Diere vun der Kierch, och wann nëmme virtuell, no baussen opzebehalen. Eng ganz nei Situatioun mat deels ganz verschiddenen Iddien. Dat weess och de Christian Molsch:

Uechter ganz Europa hu mer an dëser Zäit vill verschidde Variante gesinn. Mir hu Paschtéier op den Diecher vu Kathedrale gesi, fir d’Stied ze seenen. Kierchlech Leit, déi vun Dier zu Dier gaange sinn, fir Doheem Leit ze seenen. Mä ganz vill Saachen hu sech virun der Kamera ofgespillt, fir déi Leit. déi an hirer Stuff virum Computer, der Tëlee oder Smartphone dat Ganzt nokucke wëllen, fir dëse Lien ze halen.”

Ma et wier eng Erausfuerderung, de Leit eppes mat op de Wee ze ginn, seet de Jean-Pierre Reiners, Oktavpriedeger:

E Message eriwwer ze ginn, awer keen ze gesinn, ass schwiereg. Normalerweis, wann ee priedegt, kuckt ee jo och d’Leit. Et gëtt ee jo net nëmmen de Leit, ,ä et kritt een och eppes zeréck, verschidde Reaktiounen. Gutt, dat ass elo dës Kéier net méiglech.

A Länner ewéi Däitschland gouf déi lescht Woche vun engem kierzlechen Digitaliséierungs-Schub geschwat. En Zuch, op deen een och zu Lëtzebuerg wéilt a misst opsprangen, sou de Jean-Claude Hollerich, Lëtzebuerger Kardinol:

Mir wäerten an deen och investéiere mussen. Mä fir e Livestream, wann een do net ongehéierlech motivéiert ass, ass dat ganz schwéier ze suivéieren. Dat heescht, mir mussen nei Manéiere fanne vun der Verkënnegung, déi an déi Kultur vun der Digitaliséierung eran passen.”

Initiativen, déi och scho fir d’Oktav ëmgesat goufen. Hei kann elo zum Beispill och säin eegent Oktav-Brout baken, d’Rezept an aner Initiative fënnt een um Internetsite Oktav.lu.

Back to Top
CIM LOGO