Dem Gintare Parulyte hir Kuerzgeschicht “Fuck” erzielt an enger ganz direkter Sprooch vun den Erwardungen an Enttäuschungen vun enger jonker Fra. D´Protagonistin defineiert hirt Liewen haptsächlech duerch hir Sexualitéit an duerch eng emanzipéiert Weiblechkeet.
D´Gintare Parulyte liest den Owend um 20:00 Auer hir Geschicht vu vir bis hannen an dat live aus hirer Stuff.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.