Fabula RasaGeschichten erzielen

Sandy Elsen
An de Rotonden kann ee sech an d'Welt vun de moderne Märercher matrappe loossen.

Wärend 10 Deeg an iwwer 2 Weekender, thematiséieren d’Rotonden eng ganz Rëtsch Geschichten op ganz verschidde Manéieren – vu Spektakele mat oder ouni Sprooch, iwwer en Atelier bis hin zu enger Ausstellung.

De „Fabula Rasa“ Festival ass de Beweis dofir, dass et genee sou vill Manéiere gëtt fir Geschichten ze erzielen, wéi et Erzieler an Erzielerinne gëtt. Déi verschidde Spektakele respektéieren zwar d’Traditioun vum Geschichten-Erzielen, setzen sech awer mat universellen an aktuelle Gedanken auserneen. Et geet dorëms iwwer den Tellerrand eraus ze denken.

23/01/2020 Fabula Rasa an de Rotondes

Back to Top
CIM LOGO