
"Gen Z" ass e Spektakel iwwer, vun a fir Jonker. Generatioun Z nennt ee jo déi Generatioun, déi mat de soziale Medien opgewuess ass. Wéi si ticken, wéi si d'Welt gesinn, wat si ze soen a matzedeelen hunn, dat beweist en intressante Projet vum Salvatore Calgano, deen uechter Europa gereesr ass a sech mat hinnen ënnerhalen huet.
Den Direkter vum Kinneksbond Mamer Jérôme Konen erkläert.
D'Opféierung Gen Z - ass den 22. Mäerz um 20 Auer, et gehéiert awer och nach eng Expo derzou, déi ee sech ka bis den 3. Mee ukucke goen.
Den däitsche Komponist Ludwig van Beethoven ass bis haut ee vun de populäersten klassesche Komponisten. Mënschlech hat en esou seng Macken, Hien huet pedantesch all Moie 60 Kaffisboune ofgezielt, e war exzentresch am Optrieden mat laangen Hoer an onkonventioneller Kleedung an d’Leit stoungen am Sall bei senge Concerten, bal wéi haut bei engem Rockstar.
Am Théâtre National kann een dëse Weekend nach emol den Owend "Beethoven" mam Pianist Jean Muller an dem Acteur André Jung gesinn, bei deem et drëm geet de Mënsch Beethoven emol kennenzeléieren.
D'Regie ass vum Marion Rothaar.
Den 23. Mäerz um 20 Auer an den 24. Mäerz um 17 Auer am TNL op der Lonkecherstrooss.
De schwedeschen Auteur August Strindberg gehéiert zu de wichtegsten a bekanntesten Dramatiker a senger Heemecht. Besonnesch seng Theaterstécker hunn haut nach ëmmer hir Aktualitéit, sinn deemno Klassiker.

"Fräulein Julie" aus dem Joer 1888 erzielt vun der Adeleger Julie, déi den Dénger Jean verféiert an domadder eng Katastroph ausléist.
De Jean-Paul Maes inszenéiert "Fräulein Julie" am Kaleidoskop Theater mat Friederike Majerczyk, Lukas Kientzler a Rosalie Maes.
Gespillt gëtt zu Beetebuerg am Schlass nach bis den 04. Abrëll.
Am Kader vun de "Lundis littérraires" ass den 25. Mäerz eng Liesung vum Henri Wehenkel am Ale Stadhaus zu Déifferdeng.
De fréiere Geschichtsproff liest dobäi aus sengem Buch „Entre chien et loup“, mat deem en eng nei Vue op d'Occupatiounszäit zu Lëtzebuerg wëll ginn, notamment wat d'Responsabilitéit vun de Lëtzebuerger ugeet. Et konnt een nämlech ganz laang souwuel Kollaborateur wéi och Resistenzler sinn.
Den Auteur huet a sengem neie Buch 16 Biografien zesummegefaasst, déi solle weisen, datt ee keng Schwaarz-Wäiss-Molerei ka maachen.
D'Liesung ass um 20 Auer am Ale Stadhaus zu Déifferdeng.
De 14. September ass den 250. Gebuertsdag vum Alexander von Humboldt. Den däitschen Naturfuerscher, deen d'Geschicht vun der Wëssenschaft opgeschafft an an engem grousse Wierk hannerlooss huet, ass deemools vrun allem an Latäinamerika, den USA an Zentralasien gereest.
Zu senge Kontakter hunn och zwee Lëtzebuerger gehéiert: den Archeolog Guillaume Dupaix (1746-1818) an den Planzen-Expert Nicolas Funck (1816-1896), dee vrun allem a Venezuela gefuerscht huet.
Den Naturmusée invitéiert en Dënschdeg den 26. Mäerz um 18h30 op eng Konferenz mam Titel "Alexander von Humboldt et les explorateurs luxembourgeois en Amérique latine" mam Historiker Claude Wey an dem Archeolog Foni Le Brun.
